D’Zouloossung vun engem Prêt / Hypothéikekredit verursaacht verschidde Käschten :
- Registréierungsrechter déi eng Steier ass.
- Ouverture de crédit. Et ass eng Tax déi vum Notaire un den Staat bezuelt gëtt beim Aschreiwen vum Akt an der Hypothéikekonservatioun.
- Notairekäschten (d’Tariffer sinn duerch Gesetz festgeluecht).
- Immobilienexpertise (variéiert jee no Kreditinstitut).
- Bankdossierkäschten (variéieren jee no Kreditinstitut an dem geléinte Kapital).
- Divers Käschten (Recherchenkost, Stempelkäschten, …).